Debatt iwwer Mediepluralismus

Am Kader vun der Serie vu Konferenzen, déi d’Unesco-Kommissioun fir Lëtzebuerg am Joer 2021 ënner dem Titel Mankind and media – Rethinking the age of information hunn ech den 22 Abrëll an der Nationalbibliothéik mam Christoph Bumb, Matbegrënner a Chefredakter vu Reporter.lu, mam Jean-Lou Siweck, Direkter vun Editpress, Chefredakter vum Tageblatt an aktuelle President vum Conseil de Presse, mam Michèle Sinner, Journalistin beim Radio 100,7 a mam François Aulner, Journalist bei RTL Radio iwwer Mediepluralismus – Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert? geschwat.

De Radio 100,7 huet des Debatt opgezeechent an den 1. Mee diffuséiert. Sie kann hei gelauschtert ginn (op Lëtzebuergesch).

Christoph Bumb, Jean-Lou Siweck, Michèle Sinner, François Aulner & josée hansen (vu lénks no riets) fierun der Diskussioun, agefouert vum Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun (Foto: Catherine Decker)

Previous
Previous

Afrique-Europe : Échanges scéniques et transmissions

Next
Next

Réflexions sur le travail d’Eric Schumacher